Sie sind hier

Dali Zhu

Contern

29 Joer

Ekonomist
Konter

Des Gemeng huet meng Famill virun 20 Joer mat oppenen Ärem empfaangen. Hei sinn ech grouss ginn an hei sinn ech doheem. Als Jong hun ech am Familljebetrib matgeschafft a sinn och haut nach do wann Nout um Mann ass. Dofir leit mir de klenge Commerce, wéi e sech an eiser Gemeng an de leschte Jore gutt entwéckelt huet besonnesch um Häerz.

Zu Stroossbuerg hun ech studéiert a mat engem Master an Econometrie an an der Statistik ofgeschloss. Berufflech schaffen ech am Corporate Risk Management vun der Spuerkeess. Meng Stäerkte leien an de Beräicher Budgets-Previsiounen a Käschten-Optimiséierung. Dës Fähegkeete wëll ech fir eis Gemeng asetzen, fir dass se och an Zukunft weiderhin economesch a finanziell optimal fonctionnéiere kann.

Bei den Olympesche Spiller zu Bejing an der Weltausstellung zu Shanghai war ech als Benevolen engagéiert, well Weltoppenheet, Verstännegung an Integratioun mir ee grousst Uleies sinn. Als jonke liberale sinn ech iwwerzeegt dass mir Jonk aktiv um Gesellschaftsliewen deel huele sollen a fille mech an der Flicht dëst fir eis Conter Gemeng ze maachen.

Dali ZHU